‚Eläuter fäi Jongen - dat neit Koméidisstéck vun der Maacher Rhäifränsch
Text/Regie: Jemp Schuster – Musek: Georges Urwald

Nom groussen Erfolleg vum Bistros-Koméidistéck ‚De Beschte Klupp am Land’ am Joer 2004, enger Parodie op d’Generalversammlung vun engem ganz gewéinleche Klupp XY, bréngt d’Rhäifränsch asbl, (iwregens en alt lëtzebuergesch Wuert fir Elbling) vu Gréiwemaacher, déi sech zum Ziel gesat huet, nei lëtzebuergeschsproocheg Musekstheaterproduktiounen ze realiséieren, hirt zweet, lëschtegt Stéck op d’Bühn. Wat e Satz. Och dës Zesummenarbecht vum Jemp Schuster (Text a Regie) an dem Georges Urwald (Musek) kënnegt eng ënnerhalsam Geschicht mat flotter Musek un. ‚D’Elblinger’, eng Dozend jonk Borschten an zwou Dammen spillen a sangen vun der Long op d’Zong. Ënnerstetzt gi si vun hirem kléngen, treien Bistrosorchesterchen mam Urwald um Piano, dem Feinens Luss an dem Marc Hubert op den Trombonnen, dem Thierry Konsbrück um Kontrabass an dem Kréiesch Guy op der Batteri. ‚Eläuter Fäi Jongen’ spillt am Restaurant um Begriefniskascht vun der verstuerwener Tatta Marechen. D’Tatta Germaine mat hire fënnef Bouwen, hire Brudder, de Monni Nick mat séngen dräi, zwee Garçon’en an d’Wirtsfra duerchstinn déi ganz normal Geschicht: De vill ze fréien Doud vun de Tatta verschafft sech nët esou einfach: wat geschitt schließlech matt der Tatta hirem Verméigen, hire Bijouen an hirem Gezei? Sou an ähnlech Wichteges diskutéiert de Mann am léiwsten um Häerepissoir. Do ass en ënnert sech .... obwuel en ni weess, ob do nët nach een oder eent an der Toillettekabinn setzt nozelauschteren?! An daat kann onglëcklech Konsequenzen mat sech bréngen ... Op der Bühn begéint dir d’Germaine Begma (d'Mamm) an hir fënnef Bouwen, den Yvon Streff (de Biolog), de Georges Feltes (de Patholog), de Santesch Luc (de Politolog), de Remi Turpel (den Oenolog) an de Marc Weber (de Banker), de Marc Lang (de Monni) an séng dräi Jongen, d'Kosengen also: Serge Krier, Yves Mersch, Luss Durel. d’Marga Sertznig (d'Wiertsfra, wat soss), déi zwee Garçonen, Patrick Hierthes an de Laurent Theisen, an de Marc Schiltz, Frënd vun der Famill. Déi flott Zeechnungen së vum Michel Feinen. Rendez-vous ass den 21., 22., 28., 29. September an den 2., 3., 5. an de 12. Oktober ëm 20:00 zu Gréiwemaacher am Veräinshaus. Den Entrée ass 10 Euro (5 fir Jugendlëcher a Studenten, dem Weber séng Fra kënnt fir näischt eran) a réservéiere sollt een um 621 32 28 35. Weider Informatiounen fannt dir um Site vun der Rhäifränsch www.georgely.lu. D’Lidder aus dem Koméidisstéck ginn et iwregens op CD, déi dir bäi den Opféierungen an demnächst iwwert de Site fir 15 Euro kréie kënnt. Mir freeën eis. Wéinst der immens grousser Nofro ass nodréiglech och den 13.Oktober gespillt ginn!

En neit Stéck huet missen hier! (Luc Santer) Dräi Joer sin et hier, dass d’Elblinger hiert éischt Bistro-Koméidisstéck mat groussem Erfolleg am Café Mosellan zum beschte ginn hunn. Deemools woren iwwer 1000 Leit den „Beschte Klupp am Land“ kucke komm an hun sech gutt amëséiert......dobäi konnte mir also net stoe bleiwen an e neit Stéck huet missen hier. Am Stéck, „Eläuter fäi Jongen“ huet de Jemp Schuster rëm seng Fangeren als Regisseur am Spill an natierlech och de Georges Urwald, deen den Text vum Jemp vertount huet. Typesch fir d’Elblinger: de Gros vum Stéck gëtt vun den Acteure gesong. Vill Prouwen hunn de Georges an de Jemp iwwert sech ergoe misse loossen, mee se wore wei ëmmer immens gedëlleg mat eis „Amateuren“. Et huet immens vill Spaass gemeet. Ee besonnesche Merci deenen zwee. Ech well awer och all deene Merci soen, déi eis an der laanger Virbereedung, ëmmerhi bal zwee Joer, gehollef an ënnerstëtzt hunn: allen Elblinger an hire Familljen, all eisen Donateuren a Sponsoren an natierlech Iech all...well ouni Spectateure mécht et kee Spaass, een um Pissoir ze „beschäissen“.... Ee ganz schéinen Owend....

Wou bass De dann haut nach sécher ? (Jemp Schuster) All ëffentlech Plaz, all Geschäft, all Bank, all Büro huet an all Eck eng Kamera déi Dech voll am Bléck huet, an Dech net méi äus den Ae léisst. Wann s De mengs op der Toilette wir Deng Intimsphär nach garantéiert, da wir ech do emol guer net esou sécher. Besonnesch geféierlech ass et op eng Pissoir. Op der Männersäit. Natierlech, well op der Fraesäit ginn et jo keng Pissoiren. Mä och op der Männersäit ginn et Haisercher mat zouenen Diren, wou kee Mann weess, ob een derhannert sëtzt fir ze läuschteren, oder ob e seng Zäit nëmme geschäftlech do ofsëtzt. Männer schwätzen dofir net vill op der Toilette. Ob jidde Fall verzielen se näischt wat vu Bedeitung wir. D’Männer ënnerhalen sech iwwert d’Wieder oder iwwert den Onsënn vun der Wanterzäit. Duerno konzentréieren se sech erëm op dat Wesentlecht, well ‘t ass séier derlaanscht gaang, a kee leeft gäre mat enger naasser Sträif an der Box dorëmmer. Op der Fraesäit ass dat schonn anescht. Hunn ech mer soe gelooss. Awer et ginn och extrem Situatiounen, wou d’Männer sech goe loossen, an alles eräuskatzen. Wann dann dee Falschen dat mattkritt, kann et an d’Box goen. Eis fäi Jonge mussen dat erliewen.



'Vun der Long op d'Zong' (Georges Urwald)

An nach eppes Kulturelles am spéide Lëtzeborrier Kulturjoar 2007, an zwar zu Maacher. Mä dorrech eppes ënnerscheed sech dat hei dach vun deene meeste grousse, repräsentative Spektakelen a Concert’en landeswäit: kuck, hei huet een aus dem Dorref eppes geschriwen; e Grupp vu Kollegen am besten Alter (ouni Solfègediplom) an e kleenen Orchesterche ginn déi alldeeglech Geschicht, e Koméidisstéck fir déi aner Leit aus dem Dorref zum Besten. Wéi virun honnert Joar. Se spillen am Danzsall vun de lokaler Wiertschaft oder am Veräinshaus, se ginn sech esou e schéine lëtzeborreschen Numm wéi ‚Rhäifränsch’ (al Wuert fir ‚Elbling’), de Jemp schoustert hinnen e flotten Text op de Läif, de Luss freet säi Brouder, ob en him helleft d’Bühn ze bauen, d’Germaine stellt een schéin Tombola zesummen, de Michel molt e schéint Plakat, et gi Sue gesammelt, et gëtt geléiert, geplangt an ëmgesat mat groussem Äifer, alles selwer, alles hausgemat. Den Elblinger u sech kënnt gär an d’Prouf, hen ass bestens préparéiert, he wëll keen enttäuschen, he séngt vun der Long op d’Zong, gëtt sech ganz natierlech an an der Regel ongekënstelt. Dat mécht Spaass, dat ass heemlech, dat richt no Mënsch, dat ass Bistro, dat ass Musik ... oder? 14 Gesangsstëmmen téine mat an tëschent Piano, zwou Trombonnen, Bassgei a Getrommels. Musik, déi net ëmmer ganz eecht ze hollen ass. D’Pallett vun de Stëmmungen ass breetgefächert, esou wéi et sech fir e Familljebegriefnis gehéiert: et gëtt getrauert, bedauert, belauert, ënnermauert, versauert an .... ofgerëselt, wéi et sech fir e Pissoir gehéiert!