'Ech muss dat emol eng Kéier soen: ech hu jo scho mat ville Leit ze di gehat, där enger an där anerer, awer ech hunn nach néierens esou vill fäi Jongen a Meedercher op engem Koup begéint, wéi ënnert dem Daach vun der Asbl Rhäifränsch. Se sinn awer net nëmme fäin mä och nach gutt, net nëmme seriös mä och nach verspillt, an all e bësse verréckt. Se sinn esou, wéi een se einfach muss gären hunn..
Ech soen iech all Merci, dir meng Léif, datt et iech gëtt, an datt mir kënnen zesumme schaffen.'
Jemp Schuster

Dem Jemp Schuster seng Laudatio op d’Rhäifränsch vum 8. November 2014

De Musekstheaterveräin 'Rhäifränsch Asbl' vu Gréiwemaacher ass den 21.Januar 2004 zu Gréiwemaacher ‚a Kiischten‘ gegrënnt ginn a beoptragt, organiséiert a verwirklecht nei lëtzebuergësch-sproocheg Musekstheaterproduktiounen. D'Rhäifränsch vertrëtt de Genre vum traditionnelle 'Koméidisstéck wéi virun honnert Joer': eng lëschteg Geschicht aus dem Alldag, déi dem Vollek gären op de Mond kuckt, eng Musek, déi zougänglech, usprochsvoll an zäitlos wëll sinn, eng Dozend Sänger a Schauspiller 'd'Elblinger' an e klenge Bistrosorchesterchen. Dat Ganzt an engem uresch-heemleche Raum viru ronn honnert Nolauschterer a -kuckerten.

D'Rhäifränsch ass 'en onofhängegt Konglomerat vun erzkonservativen Anarchisten déi sech fir ee sozialen, ökologesch wéi ökonomesch nohaltege Bäitrag zu eiser Kulturlandschaft asetzt mat liicht liberalisteschen Tendenzen'. (Marc W.)

Als Logo gëtt sech d'Rhäifränsch den Dréiuergelsspiller Georgely (Georg Weyer, 1848-1924) aus Gréiwemaacher. Hien huet do gespillt, wou ‚eppes lass wor’: op der Fouer, um Oktave-Mäertchen, op Kiermessen ... „Etwas abseits vom Getriebe der Schobermesse, damit er nicht zertreten werde, hatte sich der verrunzelt geborene Schorscheli (anerer soen, hien hätt ‚Rachitis’ gehat) aus Grevenmacher mit der Drehorgel aufgestellt und quetschte piepsende Musik aus seinem Kasten.“ (Joseph Hess)

Zeechnung Haaptsäit: Marc Denter